Discover millions of ebooks, audiobooks, and so much more with a free trial

Only $11.99/month after trial. Cancel anytime.

MERG: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.
MERG: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.
MERG: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.
Ebook264 pages11 hours

MERG: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.

Rating: 0 out of 5 stars

()

Read preview

About this ebook

Den George Mergenthaler hat alles: Hie war jonk, charismatesch, ongewéinlech attraktiv, e begaabte Sportler mat engem Ofschloss vun enger ‘Ivy League’ Universitéit, dee fléissend Däitsch a Franséisch geschwat huet, an ausserdeem war de 'Merg', wéi seng Frënn hie genannt hunn, och n

LanguageLuxembourgish
Release dateJul 1, 2020
ISBN9781734509533
MERG: Di WOUER Geschicht vun engem GI am Zweete Weltkrich, senger altruistescher Dot voller Heldemutt an engem Duerf, dat si an hien nimools vergiess huet.
Author

Peter Lion

Peter Lion is a 7-time Emmy winning Producer, Director and writer.

Related categories

Reviews for MERG

Rating: 0 out of 5 stars
0 ratings

0 ratings0 reviews

What did you think?

Tap to rate

Review must be at least 10 words

    Book preview

    MERG - Peter Lion

    MERG_logo-filtered.png

    Peter Lion

    Copyright © 2020 vum Peter Lion

    ISBN: 9781734509526 (Täschebuch)

    ISBN: 9781734509519 (E-Buch)

    All Rechter virbehalen. Keen Deel vun dëser Publikatioun dierf vervielfältegt, verdeelt oder an iergendenger Form oder duerch iergendwelch Mëttel iwwerdroe ginn, sief et duerch Fotokopien, Opnamen oder aner elektronesch oder mechanesch Methoden, ouni d'schrëftlech Erlabnis vum Verlag, ausser am Fall vun Zitater, déi a Rezensioune benotzt ginn, a fir verschidden net kommerziell Zwecker, déi d'Urhiewerrecht erlaabt.

    Verëffentlecht an den USA an zu Lëtzebuerg vun

    TFE Publishing

    TFE_logo_build3_trans_with_ds.png

    www.TFEPublishing.com

    email: info@TFEPublishing.com

    Iwwersat an editéiert vum:

    Carole Soffiaturo

    Fir d'Männer vum 28te Kavallerie-Opklärungstrupp (mechaniséiert)

    déi 28st Infanterie-Divisioun

    an all déi, déi gedéngt hunn.

    Roll On!!!

    IMG_1098.jpg

    Ech sinn dat liewegt Brout, dat vum Himmel erofkomm ass.

    Wie vun dësem Brout ësst, wäert liewe bis an all Éiwegkeet.

    An dat Brout, dat ech ginn, ass mäi Leif, deen ech wäert gi fir d'Liewe vun der Welt.

    -Johannes 6:51

    (Inschrift hannert dem Altoer vun der Kierch St. Maurice, Eschweiler, Lëtzebuerg)

    Eschweiler_Map_LUXI_build_2.png

    Eent

    Geeschter wandelen op dëse Stroossen a sträifen duerch d’Felder, déi dës idyllesch Landschaft wéi ee Fléckenteppech bedecken. Verschwomme Schieter verstoppe sech an den niwwelege Bëscher op den Hiwwelen an dohannert. Dat ass jiddefalls d’Gefill, dat ee kritt, wann een duerch d’Ausleefer vun den Ardennen fiert, ee Sënn vun enger räicher, awer schmäerzhafter Geschicht, déi scho Jorzéngten al ass, an awer nach erstaunlech present. Schieter, déi deng Opmierksamkeet verlaangen, déi drop bestinn, dass de hir Géigewaart fills, déi un dech appeléieren, dech z’erënneren, wat hei geschitt ass an dass si ee Recht hunn, hei ze sinn. Déi hoffen, dass du nimools vergëss.

    Hei erwächen Abschnitter a Fotoen aus ongezielte Geschichtsbicher, di al Kinosnoriiichten, déi ee schwaarz-wäisse Krich agefaangen hunn, di gewonne Schluechten, deen eruewerten Terrain, déi erreechten Zieler, déi verluere Séilen an d’Grënn dofir erëm zu intensivem Liewen. Wann een op dëse Stroosse fiert, duerch dës Felder geet oder an de Bëscher wandert, gesäit a fillt een déi hei net méi ganz sou distant Vergaangenheet. D’Landschaft erwächt an engem eng liicht onangeneem Viraanung. Eppes huet sech beweegt, dohanne bei de Beem. Warscheinlech just de Wand an de Blieder. E séiere Bléck an de Réckspigel. Rondrëm d’Kéier, genee wéis du selwer viru just engem Ablack, kënnt op eemol...ee Camion. Däi Kapp gaukelt der Saachen vir. Just ee Camion.

    Wäit dohanne glënnere laang, schmuel wäiss Probelleren, déi mat engem luesen, bestännege Rhythmus hir eege vergaangen Zäit moossen. Eng waarm Lëftchen dreift si un, déi duerch dee gréngen Dall bléist a sech an de killen Dännebëscher op den Hiwwele vun dëser lëtzebuerger Landschaft erfrësche geet. Scheinbar willkürlech plazéiert, waachen d’Turbinne stëll iwwert Felder, begrenzt vu Steng an Hecken, déi sech liicht op deenen zwou Säite vun der Strooss no Osten a Weste bis un den Horizont strecken. Op Deeler vun dëser Strooss, déi sech duerch d’Ausleefer vun den Ardenne wieft, stinn um Bord Beem, déi viru Woche schonn hir Blieder verluer hunn, an op deene lo d’Héngerdéif hucken a laueren. D’Flilleke blëtze kuerz op, am Stuerzfluch fanne schaarf Kralle sécher hiert Ziel. Haut ass dëst dat eenzegt Zeeche vu Konflikt op dëser Strooss, eng vu villen, déi vu Klierf, Kliärref fir seng Bierger, enger Märchestad am déiwen, enken Dall vun der Clerf am Eisleck, dem Norde vum Land, fortféieren. Klierf ass eng ideal Mëschung aus Vergaangenheet a Géigewaart a scho laang den Abegrëff vun enger pittoresker Vakanzestad. Als Zeie vun der Vergaangenheet trount majestéitesch d’Buerg aus dem 12te Jorhonnert, am Zweete Weltkrich schwéier beschiedegt, mee lo restauréiert an ënnert anerem d’Doheem vun engem Krichsmusée, op engem Fielsvirsprong a kuckt erof op d’Géigewaart: Souvenirsbutteker, Restauranten, Hoteller a Bistroe laanscht d’Stroossen aus ofgetrëppeltem Pavé. Wärend dem Krich war Klierf schonn ëmmer rëm ee Réckzuchsuert fir Zaldoten, déi midd vum Kämpfe waren, mee réischt am Dezember 1944 huet sech di strategesch Wichtegkeet vun dëser Stad kloer erausgestallt.

    An de fréie Moiesstonne vum 16ten Dezember 1944, bei bedecktem Himmel, huet sech schwéiert Artilleriefeier iwwert eng 100-km Front duerch d’Ardenner Bëscher vun der Belsch bis duerch Lëtzebuerg gezunn, an enger Géigend, déi als ‘rouege Sektor’ nëmme wéineg vu krichsmidden Amerikaner bewaacht gouf. Dëst huet den Ufank vun där leschter gréisserer däitscher Offensiv vum Krich ugekënnegt. Di Däitsch hu se offiziell ‘Unternehmen Wacht am Rhein’ genannt, oder ‘Rundstedt-Offensive’, nom Feldmarschall, deen den Ugrëff sollt plangen an iwwerwaachen. Fir d’Fransousen huet se ‘Bataille des Ardennes’ geheescht, an den offizielle militäreschen Numm vun den Alliéierten war ‘Ardennes Counteroffensive’. Réischt nodeem di Däitsch déif am Westen an den Territoire vun den Alliéierte virgedronge waren an eng 80 Kilometer laang Ausbuchtung an d’Schluechtlinne geschloen haten, hunn d’Noriichte-Medien een Numm geprägt, deen hänke blouf bis haut: the ‘Battle of the Bulge’.

    Den däitsche Plang huet sech vague op de Blitzkrieg-Ugrëff vum Ufank vum Krich am Mee 1940 baséiert. Britesch a franséisch Kommandanten haten d’Verdeedegung laanscht d’Maginot-Linn verstäerkt, eng Rei vu Betongsbefestegungen, Hindernisser an Waffeplazéierungen, déi d’Fransousen nom Éischte Weltkrich laanscht hir Grenze mat der Schwäiz, Däitschland a Lëtzebuerg gebaut haten. Dës Befestegunge mam Numm vum franséische Krichsminister André Maginot ware konzipéiert, fir de Fransousen Zäit ze ginn, sech ze mobiliséieren, sollten di Däitsch jeemools erëm en Ugrëff an Erwäägung zéien, am Glawen, dass di däitsch Arméi an deem Fall erëm di nämlecht statesch Krichsféierung mat Schützegrief wéi virun zwee Jorzéngte géing benotzen. Mee di nei Blitzkrieg-Strategie vun Däitschland huet d’Maginot-Linn komplett ignoréiert, dofir huet hir Arméi Frankräich duerch di ‘nidder Länner’ Holland, d ’ Belsch a Lëtzebuerg just nërdlech vun der Linn ugegraff.

    Wärend een däitschen Ugrëff laanscht d’Nordschëller vun der Linn net onerwaart war an do Truppen zur Verdeedegung bereet gestallt goufen, waren di franséisch a britesch Arméien an den dichte Bëscher vun de lëtzebuerger a belschen Ardennen am schwaachsten. Di Däitsch hunn dës Schwächt ausgenotzt, andeems se op deem schwieregen Terrain vun den Ardenner Bëscher ugegraff hunn an ee Käil zwëschent di zwou alliéiert Arméie gedriwwen hunn, dee schlussendlech di lädéiert Briten zum Réckzuch Richtung Dunkerque gedriwwen an dofir gesuergt huet, dass Frankräich sech e puer Deeg méi spéit erginn huet.

    Dës Kéier huet sech den däitschen Ugrëff nëmmen op d’Ardenne konzentréiert an huet sech virun allem op Iwwerraschung, Timing an d’Wanterwieder verlooss, déi allen dräi entscheedend waren, fir dass di Däitsch hiert Zil konnten erreechen: e Käil zwëscht di amerikanesch a britesch Arméien ze dréiwen a gläichzäiteg schnellstméiglech de belschen Hafen Antwerpen ze besetzen. Bei Erfolleg hunn di Däitsch gehofft, dass dës lescht grouss Géigenoffensiv den Alliéierten hir Beméiungen an Europa géing destabiliséieren, massiv alliéiert Krichsgefangener an hir Hänn spillen, de Krich verlängeren an de bevirstoende Virstouss vun den Alliéierten an Däitschland verzögeren a leschten Enns zu Friddensverhandlunge féieren, wéinstens am Westen. En Erfolleg, sou huet den Adolf Hitler gemengt, géing et den Däitschen erlaben, ee Groussdeel vun hiren Truppen no Oste Richtung russesch Front ze beweegen, an ausserdeem Däitschland méi Zäit ginn, fir besser Waffen z’entwerfen an ze produzéieren.

    Tatsächlech sinn d’Amerikaner vum Ugrëff iwwerrascht ginn. Souguer nach, wéi alles eskaléiert ass, konnt den alliéierte Kommando einfach net gleewen, dass di Däitsch fäeg wieren, mat sou enger Kraaft zouzeschloen. An den éischte Phase vum Ugrëff, un den nërdlechen a südleche Flanken, hunn di amerikanesch Fronttruppe sech mat sturem an heroeschem Kämpfe behaapt an hunn et sou fäerdegbruecht, kritesch Elementer vum däitsche Virstouss opzehalen. An de mëttleren Ofschnëtter hunn awer séier virdréngend däitsch Panzeren an Infanterie hire Feind iwwerwältegt a sinn duerchgestouss. Mat zwou Brécken, déi breet a staark genuch waren, fir di séier virstoussend Panzeren an Truppen ze droen, wossten di Däitsch, dass d’Besatzung vu Klierf et hinne géing erlaben, Zougang zu dëser Strooss, enger relativ flaacher, riichter, asphaltéierter Strooss, déi no Süden an no Westen duerch di soss steil Hiwwele vum Ardenner Bësch no Bastogne am Nopeschland Belsch gefouert huet, ze kréien. Bastogne war een Haaptzil am däitsche Gefechtsplang. D’Besatzung vun dëser strategesch perfekt plazéierter Stad hätt den Däitschen d’Kontroll iwwert een Haapttransportzentrum ginn, an hir Arméi hätt d’Engpäss vun de schmuelen an hiwwelege ländlechen Niewestroosse kënne vermeiden.

    Schlussendlech ass den Ugrëff bis wäit an d’Belsch virgedrongen an huet sou die berüümten Ausbuchtung (bulge) an de Kampflinne geschafen. Mee géint Joresenn hunn di Alliéiert ugefaang, sech ëmmer méi géint den däitsche Virstouss ze behaapten, an sou huet sech d’Blat rëm gedréint. D’Wehrmacht huet ugefaang, sech a Richtung Däitschland zréckzezéien, an Enn Januar war d’Front rëm do, wou se virun der ‘Bulge’ war. Gläichzäiteg haten awer déi amerikanesch Truppen, déi am meeschte vum Ugrëff betraff waren, 89.500 Affer ze bekloen, dovunner 19.000 Doudeger, 47.500 Verletzter and 23.000 Vermësster. Op der däitscher Säit waren d’Verloschter nach méi héich, mat Schätzungen zwëscht 60.000 an 120.000, wärend ongeféier 3.000 Zivilisten duerch d’Kämpf ëm d’Liewe koum waren.

    Laanscht dës Strooss weise lo Schëlter op Monumenter an Denkmäler hin, déi d’Schauplätz vun der Schluecht markéieren an déi, déi hei gekämpft hunn, an déi, déi ni heemgaang sinn, éieren. Schëlter, déi Touristen op Destinatioune brénge mat bekannten Nimm, déi hir Plaz an der Geschicht verroden: ‘St Vith’, ‘Wiltz’, ‘Bastogne’...and och Schëlter mat wéineger bekannten Nimm, déi awer och hir Plaz an der Vergaangenheet vun dësem Land hunn. Südlech vu Klierf a just 6 Kilometer nërdlech vu Wolz steet sou ee Schëld, an di schwaarz Schrëft op liichtend gielem Hannergrond seet eis, wou et higeet: ‘Eschweiler (Eeschwëller) 4 km’.

    Dës lëtzebuerger Strooss heescht offiziell ‘Route 328’ a wéckelt sech ëm d’Ausleefer vun den Ardennen, andeems se sech ee Wee schléit duerch héich Dännen an aner Bëscher, ier et duerch oppent Weedeland Richtung Stad geet. Dat hei ass Bauereland a wäert et och ëmmer bleiwen. Highland-Kéi an Päerd lafen iwwert Felder, déi zënter Generatioune vun deenen nämmlechte Famillje bestallt ginn. Wann ee méi no kënnt, gesäit ee robust, praktesch Haiser laanscht d’Strooss. Si sinn typesch fir d’Lëtzebuerger Dierfer um Land mat hire schwaarz-groe Leeëndiech iwwert verblatzten, awer nach fuerwege Fassaden op Maueren, déi fest op Steen an Zille stinn. Dës Bauerenhäff hale fest un enger houfreger Vergaangenheet zwëscht méi neien, méi elegante Gebaier, déi sech un deenen neisten architektoneschen Tendenzen a Materialie vun haut inspiréieren a schonn een A op d’Zukunft geriicht hunn. Ee klengt Duerf, just ee Fleck op der Landkaart, mat ongeféier 300 Awunner, war Eschweiler fréier eng Gemeng am Kanton Wolz, ier sech déi zwou Uertschaften 2015 zesummegedoen hunn. Eschweiler ass esou kleng, dass ee bal ouni Problemer di eng Säit ran an di aner Säit raus kéint fueren, ouni iwwerhaapt ze mierken, dass een do war. Just di schaarf Kéier an där schmueler Strooss matzen am Zentrum vum Duerf mécht dat onméiglech. Op der breeder Säit vun dëser Kéier befënnt sech di kleng, bescheide Kierch Saint-Maurice. Obwuel d’Par Eschweiler schonn zënter dem 10te Jorhonnert besteet, hunn d’Aarbechten un dëser Kierch réischt 1870 ugefaang, a si gouf de 26te Mee 1877 geweiht. Si ass di eenzeg Kierch a ganz Lëtzebuerg, déi nom hellegen Maurice, dem Schutzhellege vun den Zaldoten, de Waffenschmatten, den Arméien an den Infanteristen, genannt gouf, an och si ass typesch fir de Lëtzebuerger Stil. Op engem groe Steefundament liichte wäiss baussecht Maueren, ënnerbrach vun an Eechenholz gefaasste Fënstere mat fuerwegem Glas ënnert engem elegante Bou. Di schaarf Wénkele vun deem schwaarze Leeëndaach bedecken e Gebai, dat zweemol sou laang wéi breet ass. Virun der Kierch féiere Steenträppleken zu deene schwéieren, gewëlbten, däischterbrongen Dieren vun engem klenge Virraum, deen aus där groer Fassad vun der apsisförmeger Kathedral erausspréngt. Eent vun den eenzegaartege Kennzeeche vun dëser Kierch ass dee véiereckege Kierchtuerm mat no uewen ofgeronnten Ecken, dee sech hannert dem Altoer an d’Luucht schwéngt, an net wéi normalerweis iwwert dem Chouer an der Uergel. Mee wann een duerch d’viischt Dier an de Virraum trëtt, deen deelweils verglast ass, mierkt ee schnell, dass déi vu baussen éischter schlicht Kierch een net op dat virbereet, wat ee bannen erwaart. Hei ginn et nach méi aussergewéinlech Saachen ze entdecken: déi kräfteg Fuerwe vun de Kierchefënsteren, déi vum Liicht, dat erastréimt, gléien, deen héije gewëlbte Plaffong, dee sech iwwert engem konschtvoll geschnëtzten Altoer an deem waarme Wandbild hannert dem Altoeropbau erstreckt. Mee vläicht ass dat, wat hei am bemierkenswertesten ass, dat, wat engem als éischt am Virraum an d’A fällt. Un der Mauer lénks hängt de Grond, firwat hei zu Eschweiler, an den Nopeschdierfer a wäit iwwert si eraus d’Kierch vum hellege Maurice och, a souguer éischter, bekannt ass als ‘dem Mergenthaler seng Kierch’.

    Zwee

    Wéi di däitsch Zaldoten am Mee 1940 a Lëtzebuerg agefall sinn, huet Lëtzebuerg selwer opgehalen, ze existéieren. Däitschland huet d’Lëtzebuerger als ethnesch Däitscher gesinn, an als solch sollte si ‘Heim ins Reich’, wat eng Annexéierung amplaz vun enger Besatzung gerechtfäerdegt huet. Ufanks nach ënnert Militärherrschaft, hunn ab Juli d’Nazi-Beamten d’Administratioun vum Land iwwerholl an ugefaang, eng Serie vun neie Gesetzer ëmzesetzen, déi hëllefe sollten, d’Lëtzebuerger anzedäitschen. Wichteg administrativ Poste goufe mat däitsche Bierger besat, an ët huet net laang gedauert, bis d’Nazi-Partei all Aspekter vum sozialen a familiäre Liewen am Grand-Duché kontrolléiert huet. Lëtzebuerg ass offiziell a ‘Gau Moselland’ ëmgenannt ginn, an Däitsch war vun deem Moment un di offiziell Landessprooch. Lëtzebuergesch schwätzen oder ënnerriichte war strengstens verbueden, an all offiziell Dokumenter goufen op Däitsch verfaasst. Franséisch Familljennimm an all déi, déi net däitsch geklongen hunn, goufen an däitscher ëmgewandelt; dëse Prozess huet, wéinstens um Pabeier, Dausende vu Familljegeschichte geläscht. All Stroosseschëlter a Regierungsgebaier hunn elo d’Nimm vun héichrangegen nationalsozialistesche Parteifunktionäre kritt: d’’Grand Rue’ ass verschwonnen a gouf zur ‘Adolf-Hitler-Strasse’ oder zur ‘Hermann-Göring-Strasse’, an d’Maartplaz gouf zum ‘Himmler-Platz’. Och lokal Gebräicher, Traditiounen a Feierdeeg, déi net vun den Nazi-Beamte gutt geheescht goufen, si verschwonnen. Souwuel Handwierker wéi och Fabrikaarbechter goufe gezwongen, an d’DAF anzetrieden, oder si sinn entlooss ginn, falls si sech geweigert hunn. Net laang nodeem si d’Kontroll iwwerholl haten, hunn d’Nazien ugefaang, di kleng, awer aktiv jiddesch Communautéit zesummenzedreiwen, eng 500 Mënschen, vun deenen der vill aus Däitschland geflücht waren, fir der Verfolgung duerch d’Nazien z’entgoen. Si sinn dunn no Osten a verschidde Konzentratiounslagere geschéckt ginn. Am Oktober 1941 hunn di Däitsch dat ganzt Land als ‘judenfrei’ bezeechent, mee e puer konnte sech verstoppen. Um Enn vum Krich haten zu Lëtzebuerg just 36 Membere vun där ganzer jiddescher Communautéit iwwerlieft. Am August 1942 gouf d’Wehrpflicht fir an d’Wehrmacht fir all Männer am wehrfäegen Alter (Joergäng 1920-24) agefouert, een Akt, bei deem si all hu missen een ‘Treueeid’ op den Adolf Hitler schwieren. Di meescht Lëtzebuerger hate kee Choix, si hu missen an di däitsch Arméi, fir géint d’Alliéiert ze kämpfen, an di meescht vun dësen Zwangsrekrutéierte waren un der russescher Front agesat. Déi, déi sech geweigert hunn, fir d’Nazien ze kämpfen, si gestrooft ginn, andeem si an hir Familljen an Zwangsarbeitslager geschéckt gi sinn, hire ganze Besëtz beschlagnaamt an a ville Fäll un ëmgesiidelt däitsch Famillje verschenkt gouf. Anerer hu sech verstoppt, an Eenzelner hu sech där klenger, awer engagéierter Resistenz-Beweegung ugeschloss. Géint Enn August hunn di lëtzebuerger Leit sech un hiren nationalen Motto ‘Mir wëlle bleiwen, wat mir sinn’, erënnert an hir Roserei an Aktioun verwandelt, andeem se ee Generalstreik géint hir Nazi-Besatzer organiséiert hunn. Et huet zu Wolz ugefaang, wou den 31. August 1942 zwee Gemengebeamte refuséiert hunn, op hir Aarbecht an der Gemeng ze goen. Aner Beamten aus dem Uert sinn hirem Beispill gefollegt, wéi och d’Aarbechter aus der Ideal-Liederfabrik, der Haaptindustrie an dëser Stad. Op Fluchblieder, déi am Geheime gedréckt a verdeelt goufen, an duerch Mond-zu-Mond Propaganda, huet sech d’Noriicht vum Streik am Land verbreet wéi wëllt Feier. Millen, Fabriken a Galerien am ganze Land hu missen zou man, well ëmmer méi Aarbechter sech geweigert hunn, ze schaffen, souguer nodeem hinne vun den däitschen Direktere mat der Doudesstrof gedrot gouf. Am Haaptpostbüro vun der Stad Lëtzebuerg hunn d’Employéen eng richteg Aarbechts-Charade opgefouert, andeem se Kéip Bréiwer an Dokumenter vun enger Plaz op di aner getässelt hunn, ouni Stress an ouni Plang. Postsäck si vun enger Säit vum Zëmmer op di aner geschleeft, awer net opgemeet ginn. Stapele vu Päck goufen nët sortéiert an net ausgedroen. Am ganze Land hunn Elteren hir Kanner doheem gehal, d’Léierpersonal, dat awer an d’Schoul koum, huet sech geweigert, de Programm vum Dag ze ënnerriichten, d’Baueren hunn hir Kéi op de Wise gelooss, sou dass keng Mëllech ze kréie war. Einfach Aarbechter sinn doheem bliwwen, Butteker hunn net opgemeet. Fir et kuerz ze man, de ganze Grand-Duché koum zu engem abrupte Stëllstand. Aus Angscht viru weiderem Widderstand a Protest war di däitsch Reaktioun séier an déidlech. D’Organisateure vum Streik, ënnert hinne Worré a Müller an och 4 Schoulmeeschtere vu Wolz, goufe verhaft, verhéiert a vun engem Militärgeriicht zum Doud veruerteelt. Si goufen an d’KZ Hinzert geschéckt, wou si exekutéiert goufen. En däitschen Offizéier, dee bei den Exekutiounen dobäi war, huet ausgesot, dass souwuel Worré wéi och Müller ‘Vive Lëtzebuerg’ geruff hunn, just ee Moment, ier deen däitsche Kugelreen si niddergestreckt huet. Den nächsten Dag hunn di 4 Schoulmeeschteren hiert Schicksal gedeelt.

    Ee vun de Streikführer, den Hans Adam, ee gebiertegen Däitschen, hat an der Minettsstad Schëffléng Aarbechter zum Streik versammelt. Hie gouf och verhaft, mee well hien däitsch war, gouf hien als Landesverräter viru Geriicht gestallt, fir schëlleg befonnt an zum Doud veruerteelt. Hien ass dunn op Köln bruecht ginn, wou hien ëffentlech gekäppt gouf. All Familljemembere vun deenen, déi verhaft gi waren, goufe versammelt an a Prisongen an Aarbechtslager an Däitschland geschéckt. Insgesamt goufe méi wéi 200 Lëtzebuerger verhaft, a méi wéi 80 vun hinne si virun e speziellt Geriicht gestallt ginn, ier si un d’Gestapo iwwergi goufen. Honnerte vun houfrege Lycéesstudenten, déi sech um Streik

    gen_strike_poster_Standgericht03SEP42.jpg

    bedeelegt haten, sinn an Umerziehungslager an Däitschland geschéckt ginn. Duerno hunn d’Nazien eng Serie vun Affiche gedréckt, op deenen d’Nimm, d’Beruffer an d’Heemechtsstied vun deenen, déi

    Enjoying the preview?
    Page 1 of 1